Skip to content

Gestion locative sociale

Eidel Wunneng, traureg Wunneng.

Är Wunneng soll nees en Doheem ginn?

Gitt se an d‘Gestion Locative Sociale.

Eidel Wunneng, traureg Wunneng.

Är Wunneng soll nees en Doheem ginn?

Gitt se an d‘Gestion Locative Sociale.

  • Garantéierte Loyer
    all Mount
  • Gestioun &
    Entretien inklusiv
  • 90% Steierbefreiung
    op dem Loyer

Wat ass Gestion Locative Sociale?

D’Gestion Locative Sociale (GLS) erlaabt et private Proprietäre vun eidelstoenden Immobilien hir Haiser oder Wunnengen un eng Organisatioun ze verlounen, déi sech fir e besseren Zougang zum Wunnengsmaart asetzt. (Fondatioun, ASBL, SIS, Gemengesyndikat, ëffentleche Promoteur, asw.).

Dës Organisatioune stellen, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung, dës Wunnengen deene Mënschen zur Verfügung, déi Schwieregkeeten hunn, abordabele Wunnraum ze fannen.

1

De Proprietär iwwerléisst seng Wunneng enger konventionéierter Partnerorganisatioun, déi se zu engem abordabele Präis verlount a bitt dobäi eng ganz Rei Virdeeler fir de Proprietär.

2

De Proprietär an d’Organisatioun ënnerschreiwen ee Mietkontrakt. Duerno këmmert sech d’Organisatioun op Basis vu festgeluechte Krittären ëm d’Auswiel vun den zukünftege Bewunner.

3

D’Organisatioun iwwerhëlt déi komplett Gestioun vun der Wunneng, këmmert sech ëm de Kontakt mam Locataire, de normalen Entretien an ee reiwungslosen Oflaf vun der Locatioun.

Eng Léisung, vun där jidderee profitéiert, eng Geschicht déi gutt ausgeet!

Virdeeler vun der Gestion Locative Sociale fir de Proprietär

Virdeeler vun der Gestion Locative Sociale fir de Proprietär

Är Wunneng oder Haus am Kader vun der Gestion Locative Sociale ze verlounen, heescht net nëmmen, dass Dir solidaresch handelt, mee et bréngt och ganz konkreet Virdeeler mat sech:

Garantéierte Loyer

Mat engem konventionéierte Partner un Ärer Säit kritt Dir de Loyer all Mount zouverlässeg iwwerwisen, souguer wann d’Wunneng zäitweis eidel steet.

Steierbefreiung

Als Proprietär profitéiert Dir vun enger Steierbefreiung vun 90 % op Är Netto-Recettë vum Loyer, een Ausgläich dofir, dass Dir Ären Objet ongeféier 30 bis 40 % méi bëlleg verlount, wéi dat um fräie Marché de Fall wier.

Begleedung
vum Locataire

De Locataire gëtt vu Professionellen aus dem soziale Beräich encadréiert, déi e wärend der gesamter Lafzäit vum Kontrakt begleeden a bei Bedarf intervenéieren.

Disponibilitéit vun
Ärer Immobilie

Äert Haus oder Är Wunneng bleift fir Iech an Är Famill disponibel. Wann Dir en aus perséinleche Grënn braucht, steet en Iech zäitno nees zur Verfügung. D’Organisatioun këmmert sech drëm eng nei Ënnerkonft fir déi aktuell Locatairen ze fannen.

Entretien vun
Ärer Immobilie

Déi konventionéiert Partnere verfügen iwwer technesch Equippen, déi reegelméisseg Kontrollen a kleng Instandhaltungsaarbechten iwwerhuelen. Äert Haus oder Är Wunneng bleift also a guddem Zoustand.

Background image

Weider Informatiounen

Steierverwaltung

Verlounten Immobilie

Gestion Locative Sociale

Schenkt Ärem Haus oder Ärer Wunneng een neit Liewen